



  |


Eist Zil ass et, fir de Museksunterrecht an dem enseignement fondamental ze förderen. Fir dat Zil
ze erreechen, bidde mer eng Partie verschidden Aktvitéiten un.
Mir organiséiere Coursen uechter d'Joer, mol eleng, mol mat aneren
Organisatiounen zesummen. De groussen Uklang deen dës Coursë
fanne weist eis, dass an dësem Beräich eng grouss Nofro besteet.
Mir bidden ënnert "downloads" Material u fir mat de Kanner
ze schaffen. Dëse Beräich gëtt natiirlech stänneg
erweidert. Ausserdem kënnt eis nei Zeitung, den @llegro. mat Ureegungen,
Iddien a Material eraus.
Mir hoffen esou en Deel fir d'Förderung
vum Museksunterricht an de Schoulen bäidroen ze kënnen.
|

| 09.06.17 |
Lignes directives |
 |
Den neie Formulaire zur Schafung vun engem Musepsgrupp ass online. Kuckt ënner downloads |
| 15.05.2017 |
Lidderfouer |
 |
D'MUSEP ass present op der Lidderfouer an der Abbaye Neimünster, e Sonnden den 20.Mee vu 14.00 bis 18.00 Auer.
|
| 28.04.2017 |
@llegro
|
 |
@llegro nr. 88 zum Thema "Boomwhackers"! |
| 27.04.2017 |
Cours
|
 |
Den 20te Mai Formatioun (prioritaire) mam Uli Führe. Et sinn nach vill Plaze fräi. Kuckt ënner cours |
|